Wien mir sinn
D'Firma
Haerzlech wëllkomm bei New Meta! Mir sinn e Betrib am Projetentwécklung an -management, deen sech op verschidde Ingenieurs- an Berodungsdeeglechkeeten am Beräich vu Bau vun Haiser an Hichhaiser spezialiséiert huet.
Mir hunn eis als Zil gesat, déi individuell Wënsch vun eise Clienten an Harmonie mat de techneschen Virgabéngen an dem aktuelle Stand vun der Technik ze bréngen. Dobäi greifen mir op en ëmfassende Schatz un Erfarung an der Massivbauweis zréck. Dës erlabt et dem Client eng héich Flexibilitéit bei der Planung vun der Immobilie, sou dass och innovativ Léisungen ëmgesat kënne ginn. Mee och bei anere Baustiler (zum Beispill Fäertigbautechnik) oder Bauprojete stinn mir Iech ënnerstëtzend zur Säit!
Mir beroden Iech an begleeden Är Baumaßnahme vun der Planungsphase bis zur Schlësseluefgab. Dobäi vertriede mir exklusiv Är Interessen, besonnesch wat d'Wirtschaftlechkeet vun der Baumaßnahme oder d'Einhaltung an déi richteg Ëmsetzung vun de techneschen Richtlinnen ubelaangt, géintiwwer dem ausféierenden Bauunternehmen, déi oft eegene Interesse primär verfollegen. Esou hutt Dir mat eis bei technesche Entscheedungen, Froen oder Diskussiounen kompetent a fachmännesch Bauprofessiounelle un Ärer Säit, fir iwwerflëssigen Mehraufwand an domat iwwerflëssige Méikäschten ze vermeiden.
Eist engagéiert Team besteet aus gudd ausgebilded Ingenieuren an Bauexperten, déi iwwer eng breed Erfahrung an Fachkenntnesser an der Branche disponéieren. Mir setzen modern Technologien/Software an innovativ Bauprozeduren an, fir sécherzestellen, dass eis Projeten termengerecht an a grenzen vum geplangte Budget ofgeschloss ginn. Mir sinn ëmmer beméit, dem Client e exzellenten Service ze bidden an leeën grouss Wäert op Transparenz an offener Kommunikatioun.
Mir freeën eis drop, Iech bei Ärer nächster Baumaßnahme ze ënnerstëtzen. Kontaktéiert eis gären, fir bei engem perséinlechen RDV méi iwwer eis a eis Servicer ze erféieren, sou datt mir Iech kënne hëllefen, Är Visioune ze verwierklechen.
Schlëssel Daten
- M.Sc. (RWTH) Bauingenieuren
- Méi wéi 15 Joer Beruffserfahrung
- Spezialisten am Bau- an Déifbau
- Méisproocheg (LU / DE / FR / EN)
Eis Wäerter
- Client-orientéiert an transparent Aktioun
- Héchste Qualitéitsnormen
- Professionalitéit
- Nohaltegkeet
- Frist a Käschtensécherheet