New Meta

Är Experten ronderëm Bau

"The best way to predict the future is to create it."
- Peter Ferdinand Drucker -

Wëllkomm op New Meta

Mir sinn eng Firma, déi sech op d'Projektmanagement an d'Projektsteierung am Wunnungs- an Hausbau spezialiséiert huet.

Projektmanagement an Projektsteierung am Bau begräift d'Plangen, Organiséieren an Iwwerwaachen vun engem Bauprojekt vun Ufank bis Enn. D'Zil ass et, sécherzestellen, datt d'Projekt am virgesinnten Zäitraum, am geplangten Kader vum Budget an an der erwënschter Qualitéit ofgeschloss gëtt. Dofir gëtt de Baufortschrëtt regelméisseg kontrolléiert an iwwerwaacht.

Eis Ekipp besteet aus héichqualifizéierten Ingenieuren am Bau, déi et sech zur Aufgab gemaacht hunn, d'Wënsch an d'Visiounen vun eise Clienten erfollegräich ëmzesetzen. Als kompetente a vertrauenswierdege Partner stinn mir Iech an all Projektphasen zur Säit.

Duerch eis grouß Erfahrung kennen mir déi heefegst „Fäll“ an „Tricken“ vu Baufirmaen. Mir hëllefen Iech, dës ze verhënneren an derzou Zäit an Käschten ze spueren. Wousst der beispillsweis, datt Positiounen, déi an der Offer oder am Kontrakt vergiess oder net berücksichtegt goufen, wärend der Bauausféierung mat mindestens 50% méi héijen Präisser berechent ginn!

Dacks iwwerhuelen Baufirmaen d'eege Iwwerwaachung an Qualitéitssécherung an berechnen dës Zousazdéngschtleeschtungen. Dës „Selbstiwwerwaachung“ féiert awer oft zu net genuch Kontrollen an Ausféierungsfeeler, déi net fachgerecht behuewe ginn.

Oft sinn d'Qualitéitunsfuerderungen vum Client am Widdersproch zur Gewënnmaximiséierung vun de Baufirmaen.

Dofir ass et wichteg, datt d'Iwwerwaachung vun enger Firmen onofhängeger a vertrauenswierder Partei gemaach gëtt. Mir sinn ganz onofhängeg vun de Baufirmaen an vertrieden nëmmen d'Interessen vun eise Clienten. Mir scheien eis net, onangeneem Froen ze stellen an op Feeler an der Ausféierung hinzeweisen, bis d'verlangten Qualitéit erreecht ass. Schlussendlech ass et net d'Zefriddenheet vun der Baufirma, mee déi vun onsem Client, déi eis um Häerz läit!

Kontaktéiert eis fir méi iwwert eis Déngschtleeschtungen ze erfueren a fir erauszefannen, wéi mir Iech zu Säit stoe können, äert Bauprojekt erfollegräich an präisgänschteg ze realiséieren.

verliehen von der Chambre des Métiers Luxembourg
verliehen vom Passivhaus Institut
luxLëtzebuergesch